Iwer mechEch sinn den Eric Heimermann, sinn 1989 gebuer an ech si vun Nidderpallen. Säit dem Dezember 2022 wunnen ech zu Heeschdref am Tricentenaire an der Residence Nico Kremer oder si bei mengen Elteren zu Nidderpallen. Ech schaffen am Educatiounsministère am Service technique, Accueil & Réception ënnert dem Statut vum Aarbechter mat enger Behënnerung, well ech eng ganz rare Krankheet hunn...
|
Wärend menger Schoulzäit am neie Lycée (Lycée Ermesinde) hunn ech d’Fotografie an engem Atelier kennegeléiert a säitdeem ass et mäin Hobby. Weider Kenntnisser hunn ech a Workshops am CNFPC zu Ettelbréck beim Här Georges Noesen kritt an zwar
Einstieg in die digitale Fotografie, Professionelle Fotografie, Adobe Lightroom Classic an Adobe Photoshop.
Ech maachen virun allem gäre Natur-an Déierefotoen, déi ech och ubidden als Karten an Toillen, op Ënnerstëtzer, Schmierebriedercher, Gedrénksfläschen, Schmierekëschten, Taasen, Dëschsetten, Aueren, Këssen, Decken a
Villes méi.
Dir kënnt meng Fotoen vun Zäit zu Zäit an Hoteller, Restauranten, Ausstellungen oder op Mäert gesinn.
Villes méi.
Dir kënnt meng Fotoen vun Zäit zu Zäit an Hoteller, Restauranten, Ausstellungen oder op Mäert gesinn.